Visite Labs

 

2020 war och fir d'Association Don de Moelle en ganz speziellt Joer....
Trotz den annuleierten Aktionen an den Aschränkungen konnten mer Rekorden briechen:
96 POTENTIELL Spender hun mer erem geruf.
14 sin SPENDEN gaangen.
2127 nei Aschreiwungen.
 
Desen Erfolleg hun mer net eleng erreecht an dofir sin mer an di verschidden Partnerlaboratoiren Bionext Lab -Picken DoheemLaboratoire KetterthillLaboratoires Réunis a Gesond.lu gaangen fir hinnen Merci ze soen fir hier Ennerstëtzung.
 
Un eiser Seit war d‘
Élina Ecker
, als Botschafterin fir eng geheelten Leukämiepatientin. Hatt krut virun 3 Joer seng Stammzellspend an domadder d'Chance en gesond Liewen ze feieren!
 
Weinst de Covid-Restriktionen huet sech d‘Stefan Morsch Steftung entschellegen geloos.